Mental Gesondheet ass wéi ee sech am Kapp an am Häerz fillt. Se beaflosst wéi mir mat eisen Emotiounen, eise Bezéiungen a mat eisen alldeeglechen Erausfuerderunge vum Liewen ëmginn.
Eng gutt mental Gesondheet heescht virun allem:
- Sech selwer gutt fillen: Fäeg sinn, sech selwer gär ze hunn a Vertrauen an seng Fäegkeeten ze hunn.
- Stress geréieren: Léieren, seng Gedanken ze berouege wann et schwéier gëtt.
- Mat anere gutt auskommen: Positiv Bezéiungen hunn a wësse wéi een Hëllef freet, wann een es brauch.
- D’Liewe genéissen: Dat maachen, wat engem Spaass mécht a Freed an de klenge Saache fannen.
Wéi déi kierperlech Gesondheet ass et och wichteg sech em seng mental Gesondheet ze këmmeren. Iwwer seng Gefiller schwätzen, Sport maachen, gesond iessen a genuch raschte sinn einfach Méiglechkeete fir eis Gesondheet ze pfleegen. A wann een sech iwwerfuerdert fillt kann et hëllefräich si mat enger Vertrauter Persoun oder engem Professionellen ze schwätzen.