GoodFoodLoop-Tours
Den Programm GoodFoodLoop geet op Tournée a sämtlech Ecker vum Land. Hei kënnt dir iech op eisen verschidden Touren umellen!
De Projet GoodFoodLoop riicht sech u Jonker tëscht 12 a 18 Joer fir si fir d’Wichtegkeet vun engem gesonde Gläichgewiicht tëscht Ecran-Notzung an dem richtege Liewen ze sensibiliséieren. Dës Initiativ fënnt a Form vu mobillen Touren statt, déi duerch verschidde Stied a Gemengen am ganze Land ugebuede ginn. De Projet bitt en dynameschen an interaktive Programm un, deen kierperlech Aktivitéit, gesond Ernierung a Wuelbefanne kombinéiert.
Ënnert der Woch riicht de Projet sech u Schoulklassen aus de Lycéeën, wärend e Samschdes fir Jugendgruppen op ass. De GoodFoodLoop ass eng Initiativ vum Service national de la jeunesse a dréit zur neier Campagne vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse bäi:
« Screen-Life Balance: Manner Ecran – Méi Beweegen, Entdecke, Erliewen ».
Den Programm GoodFoodLoop geet op Tournée a sämtlech Ecker vum Land. Hei kënnt dir iech op eisen verschidden Touren umellen!
Kommt als Team op een vun eisen Summer Challenges ! Erlierft e spannenden Dag voller Erausfuerderungen a Spaass ! Jonker triede géinteneen un a weisen wat an hinne stécht !
Entdeck och du Urban Sports wéi DiscGolf, Spikeball, Frisbee, Jongléiere oder Slackline. Léier dobäi deng Balance an deng Koordinatioun kennen !
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Suspendisse volutpat ligula nisl, nec gravida dolor lobortis vel. Mauris eget arcu quis enim tincidunt lacinia vel nec velit. Nullam blandit pulvinar dolor id fermentum. Duis ullamcorper suscipit lacus, ac tempus urna dapibus at. Sed a hendrerit odio. Mauris convallis est condimentum malesuada scelerisque. Suspendisse faucibus auctor mi non pellentesque. Vestibulum purus lacus, egestas ut vestibulum a, varius ac arcu. Vestibulum ante ipsum primis in faucibus orci luctus et ultrices posuere cubilia curae;
Et sinn nach Plazen fräi vum 3. bis 6. Mäerz 2026 !
Ouvert
Reservéiert eis läscht fräi Plazen ! Mëttwochs, 11. Februar : 50 Plazen ; Samsdes, 12. Februar : 70 Plazen
Ouvert
Et sinn nach Plazen fräi vum 27. bis den 31. Januar 2026 !
Ouvert
Beim Summer Challenge handelt sech ëm eng Variant vu Spiller ouni Grenzen. Bei dësem ofwiesslungsräichen Event triede Jonker a Gruppe vun 3-6 Persoune wärend 3 Stonne géinteneen u a versiche bei de verschiddenen Erausfuerderungen ewéi Geschécklechkeetsparcours, Präzisiounsspiller oder actionräich Challengë Punkten ze sammelen. Spaass, Teamgeescht a Challenge stinn am Mëttelpunkt, woubäi och gesond Ernärung eng wichteg Roll spillt. Dobäi kënne Gruppen autonom decidéieren, wei oft a wei laang si sech un deenen Aktivitéite wëlle probéieren. Duerch Variatioun vun de verschiddenen Aufgaben kann all eenzel Member seng Stäerkten ausspillen an säin Deel zu engem flotten Event bäidroen. Déi Jonk solle Méiglechkeet hunn, an hirem Rhythmus verschidden an net alldeeglech Erausfuerderungen ze probéieren an ze meeschteren.
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Aliquam pharetra, purus porttitor semper sollicitudin, dui lorem ornare nibh, vel luctus erat orci nec justo. Donec egestas lorem sed volutpat feugiat. Cras a tortor odio. Sed sit amet orci eget nisi aliquam rhoncus. Duis non mauris nunc.
Den Numm vun dëser Aktivitéit bezitt sech op d’ Iddi, dass d’ praktizéiere vun dëse Sportaarten ouni speziell Infrastrukture méiglech ass an se deemno praktesch iwwerall kënne gemaach ginn. Ausserdeem kënnen d’ Reegelen flexibel un d’ Ziler a Bedierfnisser vun de Participanten ugepasst ginn. Et geet heibäi net drëms ze gewannen, mee dorëms fir individuell oder als Grupp néi Beweegungsformen auszeprobéieren.
*Fir Schoulklassen aus dem Enseignement Secondaire a Fondamental (ab dem Cycle 4.1.) a fir Jugendgruppen ab dem alter vun 11 Joer.
D’ Aktivitéit kann tëschent 09h00 an 20h00 stattfannen, an dat op der Plaz vun Ärem Choix. D’ Gesamtdauer ka flexibel un Är Bedürfnisser ugepasst ginn an hänkt och dovun of, wéi vill Sportaarten dir maache wëllt (kuckt d’ Lëscht weider ënnen). Eis Empfeelung ass eng Dauer vun 3 Stonnen an zwou ënnerschiddleche Sportaarten. D’ Minimal Dauer läit bei 2 Stonnen.