Bass du bereet fir en intensiven Challenge? Fänk mat 4 Burpees den éischten Dag un a maach der all Dag 2 dobäi. An enger Woch bass du schonn bei 16! Weis, wat an dir stécht!
2. Squats mat Musek: Beweeg dech op "Flower" vu Moby!
E sportlechen Challenge op Musek? Maach d’Lidd “Flower” vu Moby un, géi an de Squat bei “Sally down” a komm erop bei “Sally up”. Just ee Lidd pro Dag: An engem Mount hues du schonn 900 Squats gemaach. Wëlls du et probéieren?
3. Vëlo Challenge: Gëff de Pedalléier-Champion oder d'Championne!
Looss deng Autos- an/oder Busfaarten op der Säit a klamm op de Vëlo fir all deng Trajeten: Schoul, Frënn, Akafen,… Sammel all Dag Kilometer. Bass du prett dësen Challenge unzegoen?
4. Strëmp Challenge: Do se aus - ouni Hänn!
Kanns du deng Strëmp ausdoen ouni d’Hänn ze benotzen? Ze einfach? Probéier et mol am setzen, am Kappstand oder souguer am Handstand!
5. Seelsprangen Challenge: Sprang dech erëm a Form!
Huel däi Sprangseel eraus an trainéier all Dag 1 Minutt. No 30 Deeg test de, wéi vill dass du um Stéck sprange kanns. Du wäerts jiddereen beandrocken!
6. Trapen Challenge: Géi all Dag 100 Träppleker erop!
Huel d’Trapen, net de Lift, a géi all Dag 100 Träppleker erop. No e puer Wochen wäerts du schonn Resultater gesinn ! Fir e weideren Challenge: Huel 2 Träppleker gläichzäiteg!
7. Zännbiischt Challenge: Muskele kréien am Buedzëmmer!
Maach Übungen fir deng Wueden wärend s du deng Zänn wäschs: Stell dech op d’Zéiwespëtzen a géi dann lues erop an erof. Oder probéier op engem Been d’Gläichgewiicht ze halen a wiessel d’Been an der Hallschent.
8. Stull Challenge: Beweeg dech - och vum Stull aus!
Stéi 5 Mol vum Stull op ouni deng Hänn ze benotzen
Am sëtzen: hiew deng Knéien ofwiesselnd Richtung Broscht
Am sëtzen: Maach 10 Kreesser mat de Schëlleren no vir an dann no hannen
9. Konzentratiouns Challenge: Beweeg dech an de Pause!
Du brauchs ee Boost fir deng Konzentratioun? Maach eng Paus a probéier dat heiten:
10 Squats virum Stull
Streck deng Äerm an d’Luucht a béi dech lues no lénks an dann no riets (5 Mol op all Säit)
Dréi deng Hand- a Foussgelenker 5 Mol an all Richtung
10. Waarden Challenge: Notz all Moment!
Sto net einfach do ouni eppes ze maachen:
Gläichgewiicht op engem Been: Wiessel no 30 Sekonnen d’Been
Säitlech Beenhiewen: Hief all Been 10 Mol op d’Säit
Zéiwespëtzen-Übung: Stell dech op d’Zéiwespëtzen, bléif e puer Sekonnen an dann geess du erof (15 Mol)
11. Reklamm Challenge: Kee verluerenen Moment!
Notz d’Reklammen fir dech ze beweegen: Maach 10 Push-ups, 15 Jumping Jacks oder 1 Minutt Plank. D’Reklammen wäerten dir ni méi laang virkommen!
12. Virum schlofen: Entspan dech a Rou a gemitterlech
Probéier eng vun dëse Positioune virum schlofen:
D’Yoga-Positioun vum Kand oder vum Hond mam Kapp no ënnen (jeeweils 1 Minutt)
Maach 10 lues Deenunge fir de Réck
Lee dech op de Réck an zéi deng Knéie bei d’Broscht fir Verspanunge lasszeginn
13. Gläichgewiichts-Challenge
Lee e Buch oder en anere Géigestandop däi Kapp a maach eng Ronn duerch d’Stuff ouni dass eppes eroffält. Ze einfach? Probéier dech méi séier ze beweegen!
14. Danzen an der Kichen: Beweeg dech wéi wa keen dir géif nokucken!
Maach deng Liblingsmusek un an danz wéi verréckt fir 2 Minutte wärend s du kachs. Do ass d’Stëmmung garantéiert!
15. Spadséier Challenge: Wiel ëmmer de längste Wee!
Fir an d’Schoul, bei Frënn oder op d’Aarbecht: Huel de längste Wee. Méi Schrëtt, méi Kalorien verbrannt, méi Challengen gepackt!