Beim Summer Challenge handelt sech ëm eng Variant vu Spiller ouni Grenzen. Bei dësem ofwiesslungsräichen Event triede Jonker a Gruppe vun 3-6 Persoune wärend 3 Stonne géinteneen u a versiche bei de verschiddenen Erausfuerderungen ewéi Geschécklechkeetsparcours, Präzisiounsspiller oder actionräich Challengë Punkten ze sammelen. Spaass, Teamgeescht a Challenge stinn am Mëttelpunkt, woubäi och gesond Ernärung eng wichteg Roll spillt. Dobäi kënne Gruppen autonom decidéieren, wei oft a wei laang si sech un deenen Aktivitéite wëlle probéieren. Duerch Variatioun vun de verschiddenen Aufgaben kann all eenzel Member seng Stäerkten ausspillen an säin Deel zu engem flotten Event bäidroen. Déi Jonk solle Méiglechkeet hunn, an hirem Rhythmus verschidden an net alldeeglech Erausfuerderungen ze probéieren an ze meeschteren.