Eng gesond Ernärung bedeit eng Variatioun u Liewensmëttel z’iessen, déi eisem Kierper alles gëtt wat e braucht fir richteg ze funktionéieren. Dat heescht:
- Vill Faarwen um Teller: Uebst a Geméis fir Vitaminnen a Ballaststoffer
- Liewensmëttel, déi Energie ginn: Wéi Vollkarnuddelen, Vollkarräis, Gromperen oder Vollkarbrout
- Proteinnen, fir staark ze sinn: Fleesch, Fësch, Eeër, Mëllechproduiten oder Alternative wéi Lënsen an Tofu
- E bësse gesond Fetter: Avocadoen, Nëss, Olivenueleg oder fettege Fësch
De Kierper kann ee vergläiche mat engem Auto: E brauch de richtege Brennstoff, fir laang a gutt ze funktionéieren. Genee esou brauch de Kierper déi richteg Närstoffer.
Wichteg: Gesond iessen heescht net, datt ee sech alles verbidde muss! Heiansdo Séissegkeeten oder Chips sinn erlaabt, mee net ze oft, well de Kierper se net wierklech brauch.
Eng ausgeglachen Ernärung a Molzecht kann konkret follgendermoossen ausgesinn :
- Eng equilibréiert Moolzecht: En Teller mat Poulet (Proteinnen), Vollkarräis (Energie) a gréng Ierbessen (Ballaststoffer a Vitaminnen)
- Eng gesond Tëschemoolzecht: En Apel mat e bësse Kéis oder eng Handvoll Nëss
Méi Informatiounen iwwert gesond Ernärung fannt dir um Site vum GIMB:
https://gimb.public.lu/de.html
